Burgers

Beilagen

Gedrenks

Veggie

Eis Burgeren

Eis food trucken zerwéiere lecker Qualitéitsburgere mat lokalen Zutaten. De Guy Kirsch, eise Metzler, liwwert eis all Dag 100% säftegt Rëndsfleesch op eis Produktiounsplaz um Houwald. Mat frëschem Geméis, engem spezielle Burgerbréitche vun eisem lokale Bäcker zu Bartreng an eise leckeren Zoosse vu Brussels Ketjep, soen eis Clienten, dass mir déi bescht Burgeren an der Stad hunn. All Mount hutt dir d’Méiglechkeet e spezielle Burger ze schmaachen.

Du wëlls näischt verpassen?
Da suivéier eis op

Catering fir kleng a grouss Eventer

Mir si spezialiséiert op privat a geschäftlech Eventer vun 20 bis 2000 Leit. Eis Clientë sinn net nëmme vun eise Burgere begeeschtert, mee och vun dem Look vun eise Lëtzeburger Foodtrucken. Dës sinn en „Made in Luxembourg-Highlight“ fir all Eventer.

Dir kënnt eis a manner wéi 3 Minutten iwwert de Formulaire op eisem Internetsite buchen. Mir sinn esou opgestallt, datt mir ouni Problem grouss Quantitéiten a kuerzer Zäit zerwéieren.

Bucht eis fir äert d‘nächst Event

Eis Foodtrucken

Mir hunn 2 food trucken, déi am Land zirkuléieren. Zousätzlech fannt dir eis all Dag op der 120, route d’Arlon, zu Stroossen an zu Ettelbréck. Keng Waardezäiten, buch däi Burger einfach iwwert eis App!

Suivéiert eis op Facebook an Instagram, fir dech um neiste Stand ze halen.

Eis Foodtrucken

Buch eis online iwwert ons d’Lëtzeburger App

Si vertrauen eis

Eis Partner