Et huet alles 2018 ugefaangen. Nach am Lycée ware mir zu 7 jonk Kärelen, déi dovu gedreemt hunn, Entrepreneur ze ginn. Zanter e puer Joren hu mir eis Déngschter schon an eisem Heemechtsduerf fir kleng Aarbechten, wéi Gaardenaarbecht, Babysitting, Plënneren, etc. ugebueden. Motivéiert, fir eise Kolleegen eppes Besseres ze bidden, wéi dat langweilegt Iessen an der Kantin vum Lycée, ass eis eng flott Iddi an de Kapp komm: déi bescht Burgeren zu Lëtzebuerg ze zerwéieren. Fir un Investitiounen ze kommen, hu mir fir d’Fernseesendung „Success story“ vu RTL kandidéiert. Dat war eng super Méiglechkeet, eis Iddi ze presentéieren a bekannt ze ginn. Leider hu mir kee Präis gewonnen.

Mir waren awer sou begeeschtert an iwwerzeegt vun eiser Iddi, dass mir decidéiert hunn en Event ze organiséieren, fir de Projet ze finanzéieren.

Mat der Hëllef vu Famill, Frënn a fréiere Clienten, déi eis ënnerstëtzt hunn, krute mir 25 000 € an engem Owend zesummen. Dat war onbeschreiflech!!

Dank Microlux, krute mir 2019 endlech e Kredit, genuch fir eisen éischte Food Truck ze kafen. Dat war den Ufank vun enger interessanter Geschicht.

Fir eis war séier kloer, dass mir mat lokale Liwwerante schaffe wëllen an esou hu mir déi bescht gewielt. Eis Liblingsbäckerei zu Bartreng, Nothum, an de beschte Metzler, dee mir kennen, d’Maison Kirsch.

No der Juegd no de beschte Plaze ronderëm d’Stad a virun allem no un de Lycéeën, hu mir dann, wärend der Pandemie, eng fest Plaz am Zentrum vu Bartreng fonnt. Doduerch, dass all Restauranten hu missen zoumaachen, si mir a kuerzer Zäit immens bekannt ginn.

Am Juni 2020 hu mir eisen 2. Food Truck kaf an hunn ugefaangen, de Betriber a Privatleit Catering unzebidden.

Am März 2021, hu mir dann e Restaurant mat Bistro zu Sëll iwwerholl, net wäit vu Miersch ewech. Eng weider riseg Erausfuerderung an eng flott Méiglechkeet, sech weider ze entwéckelen. Zu Sëll hu mir och ugefaangen, thematesch Eventer a Concerten unzebidden. Dat war och de Moment fir eis Geschäftsdirektioun, nei ze strukturéieren. Vun deene 7 urspréngleche Grënner hu sech der 5 aus dem alldeegleche Geschäft zeréckgezunn an 2 nei Partneren hu sech eis ugeschloss.

Juni 2021,, hu mir 4 Foodtrucken, déi duerch Lëtzebuerg zirkuléieren an ee Burgerrestaurant zu Sëll. An Spëtzestonne hu mir 30 Léit fir eise Betrib schaffen.

Oktober 2021, huet LëtzeBurger Sàrl d’„My Microbusiness“ Auszeechnung gewonnen. Mir hunn 22 Leit agestallt a striewen un, eis 2022 weider ze vergréisseren.

Februar 2022, mir lancéiren eisen 2te Catering-Foodtruck an domatter de 5te Point de vente.

Juni 2022, d“Rockhal” zu Esch/Belval vertraut dem LëtzeBurger d’Exploitatioun vum Catering wärend hire Concerten un. Vun August bis Dezember zerwéire mir 30 000 Burger zu Esch.

Säit November 2022 preparéiere mir eis Burger um Houwald an engem fonkelneien installéierte Kichecontainer. Mir halen eis u streng sanitär Prozeduren a schaffen un neie Prozesser fir eise Service kontinuéierlech ze verbesseren.

29 Abrëll 2023, mir maachen eis Dieren zu Sëll zou vir anere Projete kënnen no ze goen. 

Oktober 2023, LëtzeBurger keeft en Amerikanesche Schoulbus food truck deen mer an Éiere vum Virbesetzer “Tasty” gedeeft hunn. Dëse food truck gëtt exklusiv fir Caterings an Events benotzt.

November 2023, grouss Ouverture vun eisem neie Lokal am Cactus zu Ettelbréck, mat 300 Burger fir jeweils 1 cent, déi no nëmmen 1,5 Stonnen fort waren.

Mir sinn houfreg, eis op eng Ekipp vu 50 Leit, déi eis Clienten all Dag mat Leidenschaft an engem léiwe Laachen um Gesiicht zerwéieren, verloossen ze kënnen.

Mir sinn dankbar fir all Foodie-Follower, déi dat gutt fannen, wat mir maachen. Villmools Merci fir är Ennerstëtzung.

Suivéiert eis op Facebook an Instagram fir um Lafenden ze bleiwen

Dir wëllt méi iwwer eis wëssen? Klickt Iech op eis News Säit.

News