Oflaf vun der LëtzeBurger Presentatioun

Mir hunn den 21. Februar konnten an der ArcA eisen Start-Up Projet virun Famill / Frënn an Investoren virstellen. Dobäi hu mir en Opruff gestart wou mer no Investoren gefrot hunn fir eist Kapital vun 50.000 Euro ze erreechen. No gudden 40 Minutten presentéieren an beäntweren vun e puer Froen hu mer eise Public op e Patt agelueden an hu Feedback zu eisem Projet gesammelt. Dobäi hu mer vill Erfarung gesammelt an mir sinn elo nach méi motivéiert däi lescht Suen zesummen ze kréien fir de Food Truck endlech kënnen ze kafen an domat de lëschte Schrëtt ze maachen.

Wann dir leider net konnt op eis Presentatioun kommen,hu mir des awer nach eemol ofgefilmt(och wann net de ganze Video opgeholl gouf) fir Iech et elo zur Verfügung ze stellen :

An wann dir och gär an dësen Projet wëllt investéieren, muss dir just op ”Support us” an do kënnt Dir dann e Formular ausfëllen an do ass och e Kontrakt deen all Investor vun eis zur Verfügung gestallt kritt.

This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this website.