Profitéiere Foodtrucks vun der aktueller Pandemie?

Zu Lëtzebuerg kommen ëmmer méi Foodtrucks an den Asaz. Virun allem op gréisseren Evenementer lackele si d’Leit mat guddem Iessen un. 

Duerch déi rezent Situatioun ass et momentan net méiglech, sech gemittlech an engem Restaurant zerwéieren ze loossen. Kantinnen hunn entweder ganz zou oder schaffen nëmmen nach mat engem reduzéierte Service. Eng Alternativ dozou si Foodtrucks.

Zu Lëtzebuerg ginn et déi nach net esou laang, ma den Trend ass um kommen. Wéi schaffe si an der Pandemie, op wat musse se oppassen a wéi gesäit hir aktuell finanziell Situatioun aus?

Si profitéiere virun allem vun Evenementer a Catering, wat aktuell net méiglech ass. Anerersäits sinn d’Leit ebe grad duerch déi aktuell Aschränkungen op de Service vu Foodtrucks gestouss. Mir hunn zwee Stéck wärend engem Owend begleet an ënnerschiddlech Meenungen agefaangen.

https://www.rtl.lu/lifestyle/news/a/1694392.html

This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this website.